Iewescht Geriicht huet decidéiertArabesch Wallëschten dierfen un israeelesche Parlamentswalen deelhuelen

RTL mat AFP
D'Walkommissioun hat déi zwou arabesch Lëschten net fir d'Walen de 27. Oktober zougelooss. Dat huet dat héchste Geriicht an Israel elo gekippt.
Op ville Plazen an Israel gi Walplakater fir de 27. Oktober opgehaangen.
© JACK GUEZ/AFP

Dat héchste Geriicht an Israel huet zwou majoritär arabesch Wallëschte fir d'Parlamentswalen de 27. Oktober zougelooss an domadder den Ausschloss, deen d'Walkommissioun ausgeschwat hat, opgehuewen. D'Riichter hunn e Freideg dës Decisioun eestëmmeg geholl. D'Argumentatioun vun der Walkommissioun sinn hinnen net duergaangen, fir déi arabesch Lëscht "Raam" an déi Vereent Lëscht vun der Wal auszeschléissen.

Den 23. September hat d'Walkommissioun op offiziell Demande vu Membere vun der Regierungskoalitioun vum Ministerpresident Benjamin Netanjahu fir den Ausschloss vu béide Lëschte gestëmmt. Grondlag war eng Bestëmmung, no där eng Partei oder e Kandidat net untrieden dierf, wa si d'Existenz vun Israel als jiddeschen oder demokratesche Staat ofstreit oder den arméierte Kampf vun engem feindleche Staat oder enger Terrororganisatioun géint Israel ënnerstëtzt.

Raam ass eng moderat islamesch Partei ënnert der Féierung vum Mansur Abbas an trëtt fir d'Gläichberechtegung vun der arabescher Minoritéit an. Enn August hat si mam fréiere Deputéierten a Polizist Joav Segalovitz eng éischte Kéier e jiddeschen Israeeli op hir Wallëscht matgeholl.

Déi Vereent Lëscht besteet aus der arabesch-nationalistescher Balad, der jiddesch-arabesch kommunistescher Partei Hadash an der sekular arabescher Partei Taal.

Weider huet den Ieweschte Geriichtshaff den Ausschloss vum Hadsh-Deputéierten Ofer Cassif mat siwen zu zwou Stëmmen opgehuewen. Déi zwee Riichter, déi dogéint gestëmmt haten, waren der Meenung, datt de Cassif den "arméierte Kampf géint de Staat Israel" ënnerstëtzt hätt an dat wier als Grond, fir hien auszeschléissen, duergaangen.

Net esou gutt ass d'Verfare géint den Balad-Chef Sami Abu Schehadeh gelaf. Him hat d'Geriicht schonn en Donneschdeg geroden, seng Kandidatur zeréckzezéien. Hannergrond war eng Ausso vum Schehadeh vum 8. Oktober 2023, an der hien d'Attack vun der Hamas als "wichtegt historescht Evenement" bezeechent hat. De Schehadeh awer behaapt, datt hie mat der Ausso net d'Attack ënnerstëtze wollt. Hien huet seng Kandidatur awer an der Nuecht op e Freideg zeréckgezunn.

An Israel setzt sech d'Walkommissioun aus Delegéierte vun deene Parteien zesummen, déi am Parlament vertruede sinn an spigelt domadder och d'Majoritéitsverhältnisser au der Knesset erëm. Déi israeelesch Parteie probéiere reegelméisseg viru Walen, politesch Géigner iwwer d'Walkommissioun ausschléissen ze loossen. Dat Iewescht Geriicht hieft esou Decisiounen an der Reegel awer nees op.

Ronn 20 Prozent vun der Populatioun an Israel hunn arabesch Originnen an identifizéiere sech zum gréissten Deel als Palästinenser. Raam hat 2021 Geschicht geschriwwen, wéi si sech eng éischte Kéier als onofhängeg arabesch Partei un enger israeelescher Minoritéitsregierung bedeelegt hat.

Back to Top
CIM LOGO