Unioun hätt "Chaos a Gewalt" zougeloossArgentinesche President Milei bezeechent UNO als "onnëtz Organisatioun"

AFP, iwwersat vun RTL
Den argentinesche President Javier Milei huet d'Vereenten Natioune wärend der UN-Generaldebatt staark attackéiert.
Argentiniens Präsident Milei hat die Vereinten Nationen während der UN-Generaldebatte scharf attackiert. Die UNO sei zu einer "nutzlosen Organisation geworden, sagte er.
Dem argentinesche President Milei no huet d'UNO "Chaos, Gewalt an internationalen Terrorismus" zougelooss.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/Getty Images via AFP

D'UNO wier zu enger "onnëtzer Organisatioun ginn, déi nëmmen dozou déngt, e Grupp vu fatal arrogante Parasitten z'ernieren, déi sech als gutt Bürokraten tarnen", esou de Milei e Mëttwoch a senger Ried virun der UN-Vollversammlung zu New York.

D'UNO wier hirer Flicht fir d'Garantie vun der kollektiver Sécherheet an de Mënscherechter net nokomm, sot den ultrarietse Staatschef, deen en enken Alliéierte vum Donald Trump ass. Amplaz hätt d'Unioun zougelooss, datt sech "Chaos, Gewalt an internationalen Terrorismus" ausbreeden.

De Milei huet d'Vereenten Natiounen och kritséiert mat Bléck op d'Falkland-Inselen an déi vu Groussbritannien autoriséiert Pëtrolsbuerunge beim Archipel, déi Argentinien no géint eng UN-Resolutioun verstoussen. "Déi, déi sech un d'Reegelen halen, ginn dofir net belount, wärend déi, déi se briechen, keng Konsequenze fäerte mussen".

D'Falkland-Insele si brittescht Iwwerséigebitt, ginn awer vu Buenos Aires beusprocht. An Argentinien gëtt den Archipel, dee 400 Kilometer virun der Küst vum Land läit, Las Malvina genannt. 1982 haten déi deemoleg argentinesch Militärjunta den Inselgrupp besat. Groussbritannien hat se kuerz nom Krich zréckeruewert. Dobäi si 649 Argentinier, 255 Britten an dräi Awunner vun den Inselen ëm d'Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO