
Wann d’Onlineplattform sech net vum chineesesche Mammenhaus Bytedance trenne géing, géing d’Applikatioun an den USA aus den App-Storë verbannt ginn.
Bytedance steet ënner Verdacht, der Kommunistescher Partei a China Accès op Donnéeë vu Benotzer ze ginn. Esou gëtt gefaart, datt déi virun allem bei jonke Leit beléifte Social-Media-Plattform kéint genotzt ginn, fir 170 Millioune Benotzer an den USA auszespionéieren an ze manipuléieren. TikTok weist déi Reprochen zréck a schwätzt nom Vott vun enger Aschränkung vun der Meenungsfräiheet. Fir datt den Ultimatum a Kraaft trëtt, brauch en awer och nach gréng Luucht vum Senat. Et ass fir d’zweet, datt d’Representantenhaus iwwert de Gesetzprojet ofstëmmt - nom éischte Vott am Mäerz war en am Senat hänke bliwwen.
Elo gouf ënnert anerem d’Frist, déi der Entreprise gesat gouf, vu 6 Méint op e Joer verlängert. Vue dass et zesumme mat de Militärhëllefe fir d’Ukrain, Israel an Taiwan gestëmmt gouf, geet een dovunner aus, datt et dës Kéier méi séier duerch de Senat kënnt.