Mat russescher DronAttack op Lager fir ofgebrannt Brennelementer an der Géigend vum Atomkraaftwierk zu Tschernobyl

RTL Lëtzebuerg
D‘Ukrain huet der internationaler Atomenergieagence zolidd Schied um Gebai gemellt.
Atomkraaftwierk Tschernobyl
Atomkraaftwierk Tschernobyl
© NINA MESITZ/APA-Images via AFP

Russland huet mat enger Dron e Lager fir ofgebrannt Brennelementer an der Géigend vum ukraineschen Atomkraaftwierk zu Tschernobyl attackéiert.

D‘Ukrain huet der internationaler Atomenergieagence zolidd Schied um Gebai gemellt. D‘Stralungswäerter wieren awer stabil. D‘Ekipp vun der Agence huet wëlles deemnächst an d‘Ukrain ze reesen a sech d‘Degâten unzekucken.

Back to Top
CIM LOGO