Kuelekraaftwierk a BrandenburgAttack vun Onbekannte mat selwer gebaute Rakéiten

RTL mat AFP
D'Täter hätte versicht, Kuerzschlëss auszeléisen, wat an zwee Fäll och gelonge wier, sou den Inneminister vum Bundesland Brandenburg.
D'Kuelekraaftwierk zu Turnow-Preilack a Brandenburg
D'Kuelekraaftwierk zu Turnow-Preilack a Brandenburg
© FRANK HAMMERSCHMIDT/dpa Picture-Alliance via AFP

En Dënschdeg hunn Onbekannter en Ëmspannwierk vum Kuelekraaftwierk Jänschwalde zu Turnow-Preilack am Süde vu Brandenburg ugegraff. D'Täter hätte versicht, "leitfäegt Material" an d'Héichspannungsleitungen ze bréngen, fir e Kuerzschloss ze verursaachen, sou den Inneminister Jan Redmann no enger Visitt op der Plaz. An zwee Fäll wier dat och gelongen, sou de Politiker weider. De Netzbedreiwer 50Hertz huet matgedeelt, dass fir den Ugrëff selwer gebaute Fluchkierperen, déi Silvesterrakéite geglach hunn, agesat gi sinn.

Enger Policespriecherin no hat do virdru vun op d'mannst zwou Detonatioune geschwat. Entretemps géifen d'Autoritéiten awer vun zwee Kuerzschlëss ausgoen, sou de Minister Redmann. Dës wiere bei Héichspannungsleitungen esou hefteg, dass doduerch souguer de Buedem kéint opgewullt ginn. An engem Fall hätt e Mataarbechter e Feierball gesinn, sot de Politiker weider.

Onkloer wier bis ewell, wéi vill Rakéiten agesat gi sinn. Laut Redmann géif ee vu enger zweestelleger Zuel ausgoen. Wéi se genee ausgesinn hunn, gebaut waren a konnte gezünt ginn, misst nach ermëttelt ginn. 50Hertz no wieren op der Plaz weider, net gestarten Objete fonnt ginn. Eng Rëtsch Leitunge wiere beschiedegt ginn a fir eng kuerz Zäit hätt net déi voll Leeschtung kënnen erreecht ginn. Am Nomëtte war awer schonn d'Entwarnung komm, dass rëm alles géing funktionéieren an d'Stroumversuergung net a Gefor wier.

E Spriecher vum Bedreiwer vum Kraaftwierk huet vun engem Uschlag geschwat. Doduerch wier ee Block vun hirer Anlag ausgefall, deem am Laf vum Dënschdegowend awer rëm a Betrib geholl soll ginn. De Ministerpresident vu Brandenburg Dietmar Woidke huet de presuméierten Uschlag verurteelt a gemengt, wie kritesch Infrastuktur sabotéieren an d'gesellschaftlech Liewe läme wéilt, géif jiddereen ugräifen. Vun esou enger krimineller Energie wéilt ee sech awer net veronsécheren oder erpresse loossen, sou de Woidke weider. D'Attack, bei där glécklecherweis kee blesséiert ginn ass, géif eescht geholl ginn. Well et zu ëmmer méi esou Fäll géing kommen, missten Infrastrukturen entschlosse geschützt ginn.

Back to Top
CIM LOGO