Zu Bréissel ass et um Bord vun Demonstratiounen zu enger Eskalatioun komm. Kuerz viru 14 Auer e Freiden de Mëtte sinn an der Géigend vun der Gare centrale e puer honnert Jonk Leit, déi a schwaarz gekleet waren, mat der Police uneneegeroden.
Déi Jonk hu gliese Fläschen, Bengelen a Poubellen an Direktioun vun de Policebeamte geheit. Dës hu mam Asaz vu Wasserwerfer an Tréinegas reagéiert.
Bei eise belschen Nopere gëtt e Freideg an e Méindeg uechter d'ganzt Land gestreikt. Dat am ëffentlech Transport, am Enseignement an am ëffentlechen Déngscht.
D'Schüler vun der franséischsproocheger Communautéit an der Belsch protestéieren iwwerdeems zanter e puer Deeg – inspiréiert vun den Demonstratiounen a Frankräich - géint Kierzungen am Educatiounsbudget.
Zu Bréissel sinn e Freideg ronn 30.000 Leit an engem Cortège duerch d'Stad gezunn. D'Manifestatioun wier der Police no gréisstendeels friddlech ofgelaf. Do wou d'Jugendlech sech versammelt hätten, wier d'Atmosphär awer no an no méi ugespaant ginn. Plazeweis wieren déi Jonk mat der Police uneneegeroden a si hätte Barrikaden opgeriicht.
An der Belsch ass et an de leschte Méint ëmmer nees zu Streik an Demonstratioune géint déi vun der Regierung geplangte Reforme komm. Dës gesi vir, bannent deene nächste Joren zéng Milliarden Euro anzespueren, fir esou de de Staatsdefizit ze reduzéieren.