
No engem Weekend mat Chaos a Gewalt a Frankräich gouf et an der Nuecht eng Ausgangsspär fir zwee Secteuren zu Paräis a fir vereenzelt aner franséisch Stied.
Lyon, Lille an dräi aner Gemengen, sou wéi Bordeaux an Nice si betraff. Zu Bordeaux an zu Nice gëllt d'Ausgangsspär just fir d'Mineuren.
Fir nächste Samschdeg sinn iwwerdeems nei Demonstratiounen annoncéiert. Ee grousse Problem fir déi franséisch Sécherheetsautoritéiten sinn awer och spontan Aktiounen an Opriff.
Am ganze Land sinn de Weekend iwwer 2.300 Persoune festgeholl ginn, dat huet de Justizminister Darmanin annoncéiert. Géint méi wéi 80% vun hinne géif et strofrechtlech Poursuitte ginn. E puer Dose Verdächteg sinn den Ament dann och an Untersuchungshaft.
Als Reaktioun op de Weekend hat den Inneminister Nunez säi Récktrëtt proposéiert, de President Macron huet deen awer zréckgewisen. De Nunez hat och Feeler zouginn.
D'Sécherheetsautoritéiten haten d'Zuel vun de Leit bei de Protester ënnerschat. An enger Rei Stied hätt d'Police d'Kontroll verluer. Dat soll an Zukunft net méi virkommen.