Wie gëtt UN-Generalsekretär(in)?Ausseminister Bettel: "Et wier un der Zäit, datt et eng Fra gëtt"

Céline Eischen
Eng Rei Kandidate sinn an der Course, ma bis elo schielt sech kee vun deenen als klore Favorit eraus. Fir de Xavier Bettel wier et gutt, wann eng Fra d'Successioun vum Antonio Guterres géif iwwerhuelen.
De Xavier Bettel géing sech eng Fra als UN-Generalsekretärin wënschen.
De Xavier Bettel géing sech eng Fra als UN-Generalsekretärin wënschen.
© DANIEL GNAP/NurPhoto via AFP

Nei UN Generalsekretärin? - Reportage Céline Eischen

Zanter 2016 ass de fréiere portugisesche Premier Antonio Guterres Chef vun der Zentraler Verwaltung vun de Vereenten Natiounen zu New York. D'Course ëm seng Successioun ass zanter dem fréie Summer lancéiert. D'UN-Memberlänner konnte Kandidate proposéieren, ma idealerweis sollt et eng Fra sinn, well et gouf bis elo nach ni eng UN-Generalsekretärin. Dat fënnt de Xavier Bettel eng gutt Saach.

"Ech sinn do ganz éierlech mat Iech och der Meenung, dass et wichteg ass, dass eng Fra endlech Generalsekretärin gëtt vun der UNO. Dat ass et bis elo nach net ginn. Dat wier fir mech och e wichtegt Zeechen. Déi geografesch Fro ass och eng, déi ee sech stelle muss. Mä bon, wa kee Kandidat dobäi ass, deen all Konditioun erfëllt, da mengen ech, dass et wichteg ass, dass een e Kompromëss fënnt."

Zwou Kandidatinnen hunn den aktuelle geheime Votten no d'Nues vir. Dat ass engersäits d'Carolyn Rodrigues Birkett, déi fréier guyanesch Ausseministesch an aktuell Ambassadrice zu New York, anersäits och d'Rebecca Grynspan Mayufis, eng Ekonomistin aus Costa Rica a fréier Vize-Presidentin vun hirem Land. Dat war och eisem Ausseminister seng Favorittin bis elo. Ma well sech de Sécherheetsrot bis elo net op ee Kandidat konnt eenegen, hu sech nei Kandidaten an der Course lancéiert, dorënner zanter en Donneschdeg och d'Lana Nusseibeh, eng Diplomatin aus de Vereenegten Arabeschen Emiraten.

"Ech si jiddefalls frou, dass d'Lana déi d'Kandidatur och gestallt huet. Eng Fra, eng muslimesch Fra, mee déi kee Kappduch dréit, eng modern muslimesch Fra. Bei deene Spannungen ass et vläicht och wichteg, dass een en Zeeche setzt."

Wéi leeft de Prozess vun der Selektioun of?

Haaptacteur ass den UN-Sécherheetsrot, a wéi esou dacks muss ee Kandidat bei de fënnef permanente Memberen USA, Groussbritannien, Russland, China a Frankräich gutt an der Gonscht stoen.

Den UN-Sécherheetsrot beréit sech an enger Rei anonymmen Ofstëmmungen iwwer déi verschidde Kandidaten. Bis Enn dës Joers muss ee sech also op ee Kandidat eenegen an dësen dann der UN-Generalversammlung proposéieren. Dëse Kandidat gëtt dann iwwer eng einfach Majoritéit confirméiert.

Bis elo huet sech d'Generalversammlung och nach ni enger Propos vum Sécherheetsrot widdersat. Dat wier awer theoretesch méiglech.

Back to Top
CIM LOGO