
De Premier Anthony Albanese geet dovun aus, datt et sech ëm eng express Attack gehandelt kéint hunn.
E 43 Joer ale Mann gouf op der Plaz festgeholl. Am Auto gouf e Messer fonnt. D'Police ermëttelt, ob d'Attack premeditéiert war. Den Hannergrond ass nach onkloer.
D'Haines gouf mat engem Helikopter an e Spidol zu Melbourne bruecht. Si ass bekannt fir hiren Asaz géint Korruptioun.
De Premier huet den Tëschefall schaarf verurteelt a betount, datt Gewalt an enger Demokratie keng Plaz hätt.
