10 BlesséierterAuto fiert an Australien a Grupp vu Rugby-Fans

AFP, iwwersat vun RTL
E fënnef Joer aalt Meedchen an e 67 Joer ale Mann sinn a kriteschem Zoustand.
© AFP

Zu Newcastle am Oste vun Australien ass e Samschdeg en Auto an eng Grupp vu Rugby-Fans gerannt. Zéng Persoune goufe blesséiert, dorënner och Kanner. E fënnef Joer aalt Meedchen an e 67 Joer ale Mann sinn a kriteschem Zoustand.

Dausende Supporter hate sech zu Newcastle versammelt, fir d'Lokalekipp Newcastle Knights virun hirer Finall géint d'Sydney Roosters e Sonndeg ze verabschiden.

Wéi d'Police matdeelt, soll en 18 Joer ale Rugby-Fan d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer hunn an den Auto ass doropshin an d'Leit gerannt.

Nieft dem fënnef Joer ale Meedchen an dem 67 Joer ale Mann goufen och zwee weider jonk Kanner blesséiert. Insgesamt goufen zéng Persoune verwonnt.

Den 18 Joer ale Chauffer gouf vun der Police festgeholl.

Den australesche Premierminister Anthony Albanese huet de Blesséierten an hire Famillje säi Matgefill ausgedréckt. Och de Kapitän vun den Newcastle Knights, Kalyn Ponga, huet sech nom Accident un déi Betraffen an hir Famillje geriicht.

Back to Top
CIM LOGO