Bei Paräis entfouertAuto vun Eltere vum 17 Deeg ale Santiago bei Charleroi fonnt

RTL Lëtzebuerg
De Puppelche gouf e Méinden aus engem Spidol bei Paräis verschleeft. Verdächtegt ginn déi 23 a 25 Joer al Elteren.
© AFP

Si kéinten an der Nuecht op en Dënschdeg an d’Belsch geflücht sinn, hat déi franséisch Police schonn e Mëttwoch de Moie matgedeelt.

E Mëttwoch ass dunn den Auto vun den Elteren zu Charleroi fonnt ginn. Deemno gëtt elo an där Géigend nom 17 Deeg ale Santiago gesicht. Och vun den Eltere feelt aktuell nach all Spuer.

Déi franséisch a belsch Autoritéite schaffen an dësem Fall enk zesummen, fir d’Kand, wat eng Fréigebuert war a medezinesch versuergt muss ginn, ze fannen.

© AFP

Back to Top
CIM LOGO