An der Géigend vu Léck (B)Autobunn bei Sprimont gespaart, well Mann dreet, säin Auto ze sprengen

RTL Lëtzebuerg
Op der E25 op der Héicht vu Sprimont gouf e Samschdeg e gréissere Sécherheetsperimeter ageriicht.
Policeauto an der Belsch (Symbolfoto)
Beim presuméierten Täter soll et sech ëm e Polizist handelen.
© MARTIN BERTRAND/Hans Lucas via AFP

E Samschdeg de Moie gouf d'Autobunn E25 op der Héicht vu Sprimont eng 25 Kilometer vu Léck ewech a béid Richtunge fir de Verkéier gespaart.

Ugefaangen huet déi ganz Situatioun mat engem Accident op der E25 a Richtung Lëtzebuerg, un deem dräi Autoe bedeelegt waren. D'Situatioun ass dono awer séier eskaléiert, wéi ee vun de Männer, deen an den Accident verwéckelt war, domadder gedreet huet, säin Auto an d'Luucht ze sprengen.

D'Rettungsekippe konnten nach eng Persoun, déi beim Accident blesséiert gouf, vun der Plaz evakuéieren an och all d'Gefierer, déi wéinst dem Tëschefall op der Autobunn blockéiert waren, goufe lues a lues aus dem Geforeberäich bruecht. Dëst waren eng 50 Autoe mat ronn 100 Passagéier.

Wéi de Soir schreift, hätt de Buergermeeschter vu Sprimont géint 10:20 Auer eng Krisereunioun aberuff. D'Pompjeeën, d'Police, d'Spezialunitéite fir Deminage an d'Police fédérale sinn aktuell op der Plaz.

RTBF mellt, datt de Mann, dee säin Auto dreet ze sprengen, e Polizist wier, dee souwuel arméiert ass wéi och Sprengstoff bei sech huet. Offiziell ass dëst awer nach net confirméiert.

D'Autoritéite ruffen d'Leit op, de Beräich wäitleefeg z'ëmfueren. Eng Deviatioun gouf ageriicht.

Back to Top
CIM LOGO