
Firwat d'Fra kuerz virun der Mëttesstonn op d'Géigespuer geroden ass, ass nach onkloer. Hire Won huet sech iwwerschloen an ass um Daach leie bliwwen. De Camionschauffer gouf liicht verwonnt, sou d'Police vun Tréier. Ronn 50 Secouriste waren um Asaz bedeelegt, dorënner däitsche Medieberichter no och vum CGDIS.