SchwedenAutoritéite mellen Opdeckung vu russescher Geheimdéngschtoperatioun

AFP, iwwersat vun RTL
D'Zil vun der Operatioun wier eng Diskreditéierung vu Schweden, der Nato an der EU gewiescht.
D'Cheffin vum schweedeschen Inlandsgeheimdéngscht Charlotte von Essen.
© CLAUDIO BRESCIANI/TT News Agency via AFP

Wéi de schweedeschen Inlandsgeheimdéngscht e Méindeg matdeelt, wier et gelongen, eng russesch Geheimdéngschtoperatioun opzedecken. D'Zil vun dëser wier et gewiescht, Schweden ze diskreditéieren. Un der Operatioun wier en Agent bedeelegt gewiescht, deen an enger schwedescher Auslandsvertriedung geschafft huet.

An engem Statement vun der schweedescher Agence fir Spionage-Ofwier heescht et, dass een Informatiounen iwwert eng russesch Operatioun, déi dorop ausgeriicht gewiescht wier, schweedesch Decisiounen ze beaflossen a Schweeden, d'Nato an d'EU ze diskreditéieren.

Back to Top
CIM LOGO