No déidlechem Accident vu CargofligerAutoritéite stelle Blackbox a Cockpit-Rekorder sécher

AFP, iwwersat vun RTL
Een Dag nom Accident vun engem Cargofliger vun Amazon um internationale Fluchhafe vu Miami mat op d'mannst fënnef Doudegen huet d'US-Verkéierssécherheet NTSB d'Blackbox an de Rekorder aus dem Cockpit séchergestallt. Béid géingen elo zur Auswäertung geschéckt ginn.

D'Maschinn, déi aus Puerto Rico koum, war e Sonndeg bei der Arrivée iwwer d'Landebunn erausgeschoss. Dobäi ass de Fliger mat enger Rei Gefierer kollidéiert an huet Feier gefaangen. Op Videoe war ze gesinn, wéi Damp aus der Boeing 767 koum.

Eent vun de Gefierer war e Botzauto um Terrain vum Fluchhafen, an deem siwe Leit souzen. Dono ass de Fliger duerch en Zonk gebrach an ass op enger ëffentlecher Strooss an en SUV gerannt, éier e géint e weideren Zonk geknuppt ass. Eréischt 400 Meter hannert der Pist wier d'Maschinn schlussendlech un d'Stoe komm.

Iwwer de Gesondheetszoustand vu béide Pilote vum Fliger gouf et virop keng Informatiounen. D'Doudesaffer sinn Cheffin vun NTSB Jennifer Homedy no nëmme Passagéier vu béide betraffene Gefierer. D'Crew vun der Maschinn soll elo befrot ginn. Der Homedy no wieren d'Biergungsaarbechten awer nach amgaangen.

Et wier e schlëmmen Ubléck gewiescht, esou d'Homedy nach. "Iwwerall leie Stécker" an am Fliger wier Sprit ausgelaf, dee fir d'éischt ewech gemaach muss ginn. Den Transporter, dee vum Fliger gerammt gouf, wier "komplett a Fatzen".

D'Ermëttlungen an den Accès bei de Fliger souwéi zu de Beweismëttele kéinten awer "waarden, wärend d'Biergungsaarbechte weider virukommen", esou d'Homedy. "Dat ass dat Wichtegst: d'Familljen nees mat hire Léifsten ze vereenen."

Back to Top
CIM LOGO