Handelssträit geet weiderAwer keng US-Stroftaxe fir Importer aus Mexico a Kanada, China kontert elo

RTL Lëtzebuerg
Béid Länner hätten elo ee Mount Zäit, fir op d’Fuerderunge vum Donald Trump anzegoen. Béid Länner hu scho Kompromëssbereetschaft signaliséiert.
© JIM WATSON AFP

De kanadesche Premier Trudeau huet dem Trump an engem Telefonsgespréich confirméiert, dass seng Regierung e Poste wäert designéieren, fir d’Lutte géint de Schmuggel vu Fentanyl an d’USA.

Ausserdeem wäert Kanada déi mexikanesch Drogen-Karteller op d’Terror-Lëscht setzen. Déi mexikanesch Presidentin Sheinbaum huet och mam Trump geschwat an him zougeséchert, dass 10.000 mexikanesch Zaldoten un d’Grenz mat den USA geschéckt ginn, fir déi a Saachen illegal Immigratioun ze sécheren a géint den Drogeschmuggel virzegoen.
Am Géigenzuch missten d’USA sech awer drëms këmmeren, den illegale Waffenhandel eriwwer a Mexico ze ënnerbannen.

Mat China gëtt et iwwerdeems kee Kompromëss. Peking huet en Dënschdeg de Moie wësse gedoen, dass een als Äntwert op US-Stroftaxe selwer Géigemesure geholl huet. Den Import vu Kuel a Flësseggas aus den USA gëtt elo mat 15% zousätzlech besteiert. Fir Pëtrol a landwirtschaftlech Maschinne gëlle Stroftaxe vun 10%. Ausserdeem gouf eng Enquête géint Google lancéiert, well den US-Tech-Gigant géint chineesesch Monopol-Bestëmmunge géif verstoussen.

Iwwert US-Stroftaxen: De Luc Frieden wëll “mat de selwechte Mesuren äntweren”

Back to Top
CIM LOGO