
D'Awunner vu Malibu sinn opgeruff ginn, hir Haiser ze verloossen. Den Uerder gëllt fir d'Gebitt Encinal Canyon, wéi d'Pompjeeë matgedeelt hunn. Fir d'Gebidder an der Ëmgéigend si Warnungen erausgaangen. En Donneschdegowend hate sech d'Flamen op eng Surface vun 41 Hektar ausgebreet.
D'Autoritéite vum Bezierk Los Angeles hunn d'Leit opgeruff, op d'Pompjeeën ze lauschteren an no hiren Noperen ze kucken, déi méiglecherweis a Gefor sinn. Wie sech wéinst dem Feier onsécher fillt, soll sech a Sécherheet bréngen.
Am Januar waren e puer Kilometer weider ëstlech déi schlëmmste Bëschbränn an der Geschicht vu Los Angeles ausgebrach gewiescht. Dobäi ware méi wéi 10.000 Haiser zerstéiert ginn a ronn 30 Persounen ëm d'Liewe komm.