Medezinesch a perséinlech DonnéeënBal 19 Millioune Leit a Polen vu Cyberattack betraff

RTL Lëtzebuerg
Et géif bis ewell näischt op eng russesch Attack hindeiten, heescht et aus Sécherheetskreesser.
© AFP / Archiv-Foto

A Polen gouf et eng massiv Cyberattack, bei där déi perséinlech a medezinesch Donnéeë vu bal 19 Millioune Leit betraff waren. Dem zoustännege Minister no, géif bis ewell näischt dorop deiten, datt d‘Attack aus Russland komm wier. D‘Autoritéite ginn éischter dovun aus, datt finanziell Motiver hannert der Attack stiechen.

De Produzent vun enger Medezin-Software soll viséiert gewiescht sinn. Eng 12.000 medezinesch Institutiounen notzen d‘Servicer vun där Entreprise.

Back to Top
CIM LOGO