KolumbienBal 4,7 Tonne Kokain bei zwou Interventioune saiséiert

Annick Goerens
Aacht Persoune konnte festgeholl ginn. De Wäert vun den Droge beleeft sech op iwwer 215 Milliounen US-Dollar.
Archivfoto vun enger Drogesaisi a Kolumbien
Archivfoto vun enger Drogesaisi a Kolumbien
© GUILLERMO LEGARIA/AFP

Déi kolumbianesch Marinn huet am Karibesche Mier bei zwou verschiddenen Interventiounen bal 4,7 Tonne Kokain saiséiert. Dat si méi wéi 11 Milliounen Consommatiounen, déi domat aus dem illegalen Handel geholl goufen. Nieft der Saisie vu Kokain goufen och 8 Persounen festgeholl.

D'Marinn hat zwee Schnellbooter am Süde vun der Karibik ofgefaangen. An engem konnten 3.834 Kilo Kokain séchergestallt ginn, an engem anere Boot waren et der 856.

De Wäert vun de saiséierten Droge beleeft sech op iwwer 215 Milliounen US-Dollar.

Back to Top
CIM LOGO