
D'Autoritéiten zu Bangkok hu wéinst staarken Iwwerschwemmungen e Samschdeg fir all 50 Bezierker vun der thailännescher Haaptstad de Katastrophefall ausgeruff. Zanter en Donneschdeg de Mëtteg hätt et bal onënnerbrach gereent, wouduerch d'Stroossen iwwerschwemmt wieren, melle Journaliste vun der Noriichtenagence AFP. Dem Gouverneur no sinn zanter en Donneschdeg bal 300 Millimeter Reen zu Bangkok gefall. Duerch d'Ausruffe vum Katastrophefall kënnen déi lokal Autoritéiten Noutfallmesuren en place setzen.
D'Kanäl vun der Stad wiere voll a vill vun den Haiser a Restauranten, déi un den Ufere geleeë sinn, stéingen ënner Waasser, esou d'AFP-Journalisten.
De Gouverneur vu Bangkok, den Chadchart Sittipunt, huet erkläert, datt den Oste vun der Stad am stäerkste betraff wier an huet viru weiderem Reen gewarnt. "Et reent onënnerbrach, a mir ginn eist Bescht. Mir probéieren, d'Waasser ofzepompelen, mä d'Kanäl si voll", schreift hien an de Soziale Medien. De Sittipunt huet den Awunner geroden, hir Autoen a Sécherheet ze bréngen. Ee Parkhaus wier dofir gratis. Vulnerabele Leit huet hie geroden, a Spideeler ze goen.
"D'Waasser klëmmt ëmmer weider. Et ass elo schwiereg, eraus ze goen. Et steet mir mëttlerweil bis bei d'Hëft", esou eng Verkeeferin, déi an der Géigend vun engem Kanal nërdlech vum Zentrum wunnt. Hire Buttek wier schonn zanter zwee Deeg zou. Iwwerschwemmunge wieren zu Bangkok net rar, mä si mengt, "dës Kéier ass et méi schlëmm wéi d'Flut vun 2011".
2011 ware bei staarken Iwwerschwemmungen an Thailand méi wéi 500 Leit ëm d'Liewe komm a Milliounen Haiser zerstéiert ginn.
De Katastropheschutz huet virun Déifdrockgebidder iwwer dem Osten, dem Nordosten an Zentralthailand bis e Sonndeg gewarnt. Et kéint zu Fluten a Bullislawine kommen.