
Si hätt hire Co-Parteipresident a Vizekanzler Lars Klingbeil doriwwer informéiert, datt si hiert Amt als Parteivirsëtzend "mam Dag vun haut" géif néierleeën, huet si e Méindeg zu Berlin erkläert. Gläichzäiteg hätt si de Bundeskanzler Friedrich Merz drëm gebieden, si als Ministesch fir Aarbecht a Soziales ze entloossen.
Als Grond fir hire Récktrëtt huet d'Bärbel Bas ëffentlech Ugrëff "och aus de Reie vum Koalitiounspartner" genannt. Dat wier an enger fir si schwéierer Zäit trotzdeem weider forcéiert ginn, huet si e Méindeg zu Berlin erkläert. "Well ech am Moment net d'Kraaft hunn, kuerzfristeg meng Regierungs- a Parteiaarbecht a vollem Ëmfang auszeüben, hunn ech mech decidéiert, béid Ämter opzeginn." Der Bärbel Bas hir Stéifduechter war viru kuerzem verscheet.
Dëse Schrëtt wier hir net liicht gefall. Si wier awer dovunner iwwerzeegt, "datt d'Mataarbechterinnen an d'Mataarbechter vum Ministère elo eng staark Leedung brauchen, déi mat voller Kraaft déi ustoend Gesetzer a Reformusätz virundreiwen."
D'SPD géif elo déi richteg Schlëss aus de leschte Walen zéien "an nees eng politesch Kraaft ginn, déi eis an eng gutt Zukunft féiert", huet d'Bas erkläert.
Den SPC-Co-Chef Lars Klingbeil hat d'Ugrëff géint d'Bas an de leschten Deeg vun hirer Trauer "onustänneg" genannt. "Esou eppes gehéiert sech net." Bannent der Regierung war den Drock op d'Bas an der lescht geklommen. Politiker aus der CDU haten hir virgeheit, decidéiert Reformen an der Sozial- a Pensiounspolitik auszebremsen.
Eng Nofolleg soll dann och scho feststoen, mellen AFP an Ntv. De fréiere Ministerpresident fir Rheinland-Pfalz an SPD-Vize soll neien Aarbechtsminister ginn. Wien der Bärbel Bas hir Nofolleg an der SPD untrëtt, steet allerdéngs nach net fest. De Lars Klingbeil wéilt awer un der Struktur vun der Duebelspëtzt festhalen, heescht et.
