Groussasaz am Quartier MaraisBeléifte "Marché des Enfants Rouges" zu Paräis néiergebrannt

AFP
Eng historesch Marchéshal am Quartier Marais ass bei engem Feier komplett zerstéiert ginn.
Eng 150 Pompjeeë waren am Asaz.
Eng 150 Pompjeeë waren am Asaz.
© JULIEN DE ROSA/AFP

Ee Pompjee gouf an der Nuecht op e Méindeg am Feier liicht blesséiert. D'Haiser ronderëm d'Hal hu missen evakuéiert ginn. De Pompjeesspriecher Pierre de Bouvier huet een traurege Fazit gezunn: "De Marché ass komplett zerstéiert, all Stänn sinn ofgebrannt an d'Metallstruktur ass an de Koup gefall."

Eng 150 Pompjeeë waren am Asaz. Well de "Marché des Enfants Rouges", deen 1615 gegrënnt gouf, matten tëscht Wunngebaier läit, konnten d'Pompjeeë just zu Fouss un d'Feier erukommen. D'Ursaach vum Feier ass nach net bekannt.

Le marché historique des Enfants rouges à Paris ravagé par un incendie
Un incendie spectaculaire a détruit lundi le marché couvert des Enfants rouges, considéré comme le plus ancien de Paris.

De "Marché des Enfants Rouges" ass deen eelsten iwwerdaachte Liewensmëttelmaart zu Paräis a steet zanter 1982 ënner Denkmalschutz. Den Numm kënnt vun de roude Kittelen, déi d'Kanner vun engem Weesenhaus an der Géigend ëmmer unhaten. D'Weesenhaus war vun der Marguerite de Navarre, der Schwëster vum Kinnek François I., am 16. Joerhonnert gegrënnt ginn.

An de leschte Joren hat sech de Marché ëmmer méi zu enger Touristendestinatioun entwéckelt. Hei gouf et Couscous, Austeren oder och nach Smoothies. Dem Magasinn "Food & Wine" no war de "Marché des Enfants Rouges" ee vun de beschte Streetfood-Marchéë weltwäit.

De Marché war bei Touriste beléift.
© Besopha — Le marché, CC BY 2.0, https://commons.wikimedia.org/w/index.php?curid=50531052
E Feier huet de Marché komplett zerstéiert.
E Feier huet de Marché komplett zerstéiert.

Back to Top
CIM LOGO