"Mir stinn zanter véier bis aacht Stonnen un"Bensinnsmanktem op Bali suergt fir laang Schlaange viru Pompelen

AFP, iwwersat vun RTL
De Problem géif bei der Liwwerung vum Brennstoff leien. Bei verschiddene Bensinnsstatiounen hu sech Schlaange vun iwwer engem Kilometer forméiert.
Motorcyclists queue to refuel at a gas station in Denpasar amid a fuel supply shortage on Indonesia's Bali island on October 13, 2026. (Photo by LANA PRIATNA / AFP)
Laang Schlaangen hu sech wéinst dem Bensinnsmanktem op Bali virun de Pompelstatioune forméiert.
© AFP

n,Indonesien huet schonn zanter Ufank vum Joer mat Enkpäss beim Brennstoff ze kämpfen. Grond ass ënner anerem de Krich mam Iran, deen d'global Energieversuergung staark beaflosst huet.

Op der Vakanzeninsel Bali stoungen d'Leit en Donneschdeg stonnelaang Schlaang, fir kënnen tanken ze goen.

"Dat hei ass e richtege Chaos. Mir stinn zanter véier bis aacht Stonnen un. Ech hoffen, datt d'Regierung an Zukunft besser reagéiert", sou den 21 Joer ale Student Adolf Alfino.

Dem staatlechen Ueleg- a Gaskonzern Pertamina no koum et zu Verspéidunge bei der Distributioun, well en Tankschëff Problemer hat ze entlueden.

Dat betraffent Schëff mat méi wéi 22 Millioune Liter Brennstoff war schonn en Dënschdeg op Bali ukomm. De Gouverneur I Wayan Koster hat erkläert, datt dës Quantitéit de Besoin op der Insel fir déi nächst siwen Deeg decke kéint.

Fir d'Situatioun z'entlaaschten, huet de Gouverneur decidéiert, datt Staatsbeamte fir dräi Deeg vun doheem ausschaffen. Schoulen an Universitéite wiesselen an där Zäit op Online-Unterrecht.

Ronn 500 Demonstrante sinn och virum Gouverneurspalais an der Provënzhaaptstad Denpasar op d'Strooss gaange fir géint d'Situatioun ze protestéieren.

Schonn am Mäerz hat d'Regierung zu Jakarta de Kaf vu Pëtrol limitéiert an ugekënnegt, datt Staatsbeamten all Freideg am Homeoffice schaffen, fir Energie ze spueren.

Motorcyclists queue to refuel at a gas station in Denpasar amid a fuel supply shortage on Indonesia's resort island of Bali on October 14, 2026. (Photo by SONNY TUMBELAKA / AFP)
© AFP

Back to Top
CIM LOGO