Déif Wonnen hannerloossBergamo no der Corona-Katastroph

Petz Bartz
An Italien däerf een zanter Ufank Juni nees areesen. D'EU-Land, dat am uergste vun der Pandemie betraff war, ass virsiichteg mam Deconfinement am gaangen.
Bergamo no der Corona-Katastrophe
An Italien däerf een zanter Ufank Juni nees areesen. D’EU-Land, dat am uergste vun der Pandemie betraff war, ass virsiichteg mam Deconfinement am gaangen.

Déi sanitär Situatioun am Land huet sech nom längste Lockdown iwwerhaapt genuch verbessert, fir éischt Schrëtt an Direktioun “Normaliséierung” ze woen. An der Géigend vu Bergamo an der Lombardei awer huet de Covid-19 déi déifste Wonnen hannerlooss.

Um Kierfecht zu Nembro, engem Duerf am Epizentrum vun der Covid-19-Kris an Italie bei Bergamo, si vill Griewer mat engem einfachen, hëlzene Kräiz gezeechent. Et ass ze séier gaangen. Et goung just duer, fir provisoresch e plastifizéierten Ziedel opzehänken. D’Doudesdeeg ginn all zréck op de Mäerz an den Abrëll 2020. An deenen éischte Woche vum Mäerz louch d’Zuel vun de Verstuerwenen am Duerf 1000% méi héich, wéi déi Jore virdrun.

De Livio Giovanelli, Awunner vun Nembro: “Et huet ons niddergeschloen – den Doud vu mengen zwee Monnien a menge Kosengen. Mir hu panikéiert. Et goung esou séier. De Virus ass komm an huet esou vill Leit ëmbruecht wéi méiglech an ass erëm verschwonnen. Leider nach net wierklech. Mee en huet esou vill Leed hannerlooss.
D’Architektur ass déi vun der Renaissance, mee soss huet sech zu Bergamo alles ronderëm den Doud gedréit. Bei andächteger Musek huet ee sech un d’Affer erënnert, mee d’Sireene goufen ni iwwerstëmmt.”

D’Lokalzeitung Eco di Bergamo huet zum gréissten Deel just nach aus Doudesannoncë bestanen am Mäerz an Abrëll. Vu manner wéi 20 den Dag koum een och alt emol op 120 matten an der Kris.

Bruno Bonassi, Chefredakter adjoint vu L’Eco di Bergamo: “All déi Geschichten, déi mer all Dag bruecht hunn. Ech hu se selwer iwwerpréift. Ech hu genee dat selwecht hannert mer. Mir haten 3 Doudesfäll doheem. Allkéiers war et déi selwecht Prozedur: eng Persoun krank, d’Ambulanz kënnt matten an der Nuecht, ee leschten Äddi an d’Hoffnung sech nach eemol erëmzegesinn. Dann d’Uriff am Spidol, dacks ouni Äntwert, an dann dee leschten Appell an deem ee gewuer gëtt, dass de Patient net iwwerlieft huet. Mee domat net genuch, dann huet ee missen en Doudegriewer fannen. Bal onméiglech. Dann den Transport mam Militärcamion an ee Mount drop kritt een d’Äschen erëm. Alles dat hunn ech selwer materlieft a menger Famill, duerfir verstinn ech d’Gefiller vu menge Lieser”

Covid-19 huet eng elle Cicatrice hannerlooss an der Stad. En Trauma. An de Spideeler huet ee virun allem Angscht ëm eng zweet Well. Déi géif ee mental net packen.

Den Giorgio Gori, Buergermeeschter vu Bergamo: “Mir wëllen, dass Bergamo, dat ouni et ze wëlle weltwäit e Symbol gouf fir dës Pandemie, e Symbol soll gi vun der Neigebuert. Mir stiechen all ons Energie doran, déi mer gebraucht hunn, fir duerch dëse schwieregen Ament ze kommen. Elo musse mir erëm zu Stäerkt an Zesummenhalt zréckfannen.”

Ufank Mäerz goung d’Lombardei als éischt Regioun an Europa an de Confinement.

Back to Top
CIM LOGO