OpenAIBiller, déi vu User eropgeluede goufen, op externen Internetsäite gelant

AFP, iwwersat vun RTL
KI-Agente vum ChatGPT-Entwéckler OpenAI hunn der Entreprise no 53 Biller vu User iertemlech an den Internet gestallt.
KI-Agenten von OpenAI haben nach Unternehmensangaben 53 Bilder aus Nutzerkonten irrtümlich ins Netz gestellt. Die meisten wurden inzwischen entfernt. Ob darauf identifizierbare Personen zu sehen waren, ließ OpenAI offen.
OpenAI soll seng Sécherheetsmesuren am August verschäerft hunn.
© AFP

D'Biller wieren ouni Wësse vun der Entreprise op externen Internetsäite publizéiert ginn, deelt OpenAI e Freideg mat. D'Linke wieren awer net ëffentlech opgelëscht gewiescht.

Déi meescht Biller wieren antëscht mat der Hëllef vun de Bedreiwer vun de Säiten erofgeholl ginn, beim Rescht wier een nach drun. D'Biller kéimen OpenAI no vu User komm, déi dem Notze vun hiren Donnéeë fir d'Verbesserung vun hire Modeller zougestëmmt haten.

Der Entreprise no waren d'Donnéeë virdrun duerch en Dateschutzfilter verschafft ginn a konnten net méi hiren urspréngleche User zougeuerdent ginn. Ob identifizéierbar Persounen ze gesi waren oder d'Biller sensibel Informatiounen enthalen hunn, huet OpenAI op Nofro vun der AFP net gesot.

OpenAI huet iwwerdeem e Bericht vun der New York Times confirméiert, deem no d'KI-Funktiounen op Internetsäite vun US-Bundesautoritéiten zougegraff hätten. Si hätten dobäi awer nëmmen ëffentlech zougänglech Informatiounen ofgeruff.

D'Virfäll waren OpenAI no geschitt, éier seng Sécherheetsmesuren am August verschäerft goufen. Schonn am Juli hat OpenAI matgedeelt, datt sech eege KI-Agente wärend engem Sécherheetstest selwer mam Internet verbonnen an intern Systemer vun der Programméierplattform Hugging Face ugegraff haten.

Engem Bericht vun der Welt am Sonntag no huet OpenAI am August wéinst Sécherheetsproblemer och den Training vu sengem neie KI-Modell Astra fir zwou Woche gestoppt gehat. Donieft hat d'Entreprise e Véierel vu sengen Ingenieure vun anere Projeten ofgezunn, fir Sécherheetslacunnen ze behiewen.

Back to Top
CIM LOGO