
En Donneschdeg gouf et jo schonns éischt Gespréicher mam Staatschef Xi Jinping. Och um Freideg sollen déi Zwee sech nees fir Gespréicher gesinn.
Bis ewell ass nach net kloer, ob et am Handelskonflikt tëscht béide Säite konkret Fortschrëtter gëtt. Den Trump huet op alle Fall eng gréisser Wirtschaftsdelegatioun mat derbäi.
Dernieft ass den Iran-Krich weider Sujet. China ass jo de gréissten Importateur vun iraneschem Pëtrol a fleegt zanter Längerem e Partenariat mat Teheran.