
Nodeems et d'leschte Méindeg an der Demilitariséierter Zon, der sougenannter DMZ, tëscht Süd- an Nordkorea zu enger Explosioun komm ass, huet de südkoreanesche Verdeedegungsminister Kang Shin-chul éicht Detailer vun enger Enquête presentéiert. Deemno wier d'Explosioun vun engem nordkoreanesche Sprengsaz ausgeléist ginn.
Den Tëschefall géif eng Verletzung vum Waffestëllstand-Ofkommes tëscht béide Länner duerstellen an et wäert een deementspriechend reagéieren, sou de südkoreanesche Verdeedegungsminister géigeniwwer den Deputéierte vun der Verdeedegungskommissioun am Parlament.
De Chef vum südkoreaneschen Etat-major Yang Jin-hyeok huet iwwerdeems am Parlament erkläert, dass um Site vun der Explosioun eng nordkoreanesch Anti-Persoune-Minn fonnt gi wier, déi net explodéiert war.
Bei der Explosioun d'lescht Woch sinn dräi südkoreanesch Zaldote blesséiert ginn. Ee vun hinnen huet e Fouss verluer.