
Zur bluddeger Dot koum et am fréie Mëttwochnomëtteg um Campus vun der Docemus-Privatschoul am brandenburgesche Gosen-Neu Zittau. Wéi lokal Medie mellen, gouf d'Police géint 13:45 Auer op de Site geruff. Do virdru wier e puer Mol den Noutruff alarméiert ginn.
Vill Detailer, wéi de Virfall sech ofgespillt huet, sinn nach net gewosst. Et kéint sech ëm eng Bezéiungsdot handelen, dëst gouf awer nach net offiziell confirméiert. Wéi d'Bild-Zeitung nach wësse gedoen huet, soll et sech beim presuméierten Täter ëm den Ex-Frënd vun engem vun den Affer, enger 18 Joer aler Schülerin, handelen. Dat anert Doudesaffer, e Mann vun 30 Joer, soll versicht hunn, d'Dot ze verhënneren.
De presuméierten Täter gouf festgeholl.