
12 Joer, nodeems se fäerdeg gebaut war, ass tëscht China an Nordkorea eng nei Grenzbréck opgaangen. Camione mat Fändele vu béide Länner sinn en Donneschdeg a béid Richtungen iwwert déi gutt dräi Kilometer laang Bréck gefuer. Si féiert vum chineeseschen Dandong iwwert de Floss Yalu an Nordkorea.
Déi nei Verbindung soll den Handel an de Persouneverkéier tëscht béide Länner erliichteren. China ass de wichtegsten Handelspartner vun Nordkorea an ënnerstëtzt dat gréisstendeels isoléiert Land wirtschaftlech an diplomatesch. Réischt am Mäerz hate béid Länner de Verkéier op de Schinnen erëm opgeholl, nodeems dee wärend der Corona-Pandemie agestallt gi war. Viru gutt engem Mount hat Nordkorea ausserdeem eng éischt Stroossebréck a Russland opgemaach.
De Betrib vun der neier Bréck hat Retard kritt, well d'Nordkoreaner net mat Zäiten d'Anlage fir d'Douane an d'Ubannungen un de Stroossereseau fäerdeg kritt haten. Dat behaapte jiddefalls südkoreanesch Medien.