
Der amerikanescher Coast Guard war géint 1.27 Auer eng Kollisioun gemellt ginn. D’Coast Guard huet de Virfall dann och confirméiert. Et soll sech ëm ee Cargo-Schëff ënnert singapureschem Fändel handelen, dat mat der Bréck zesummegeknuppt ass. D’Schëff, “The Dali”, wier eng 289 Meter laang, esou de Matthew West vun der Coast Guard der New York Times géigeniwwer.
Op engem Video ass ze gesinn, wéi d’Bréck no der Kollisioun an e Koup fält. Iwwert déi dräi Kilometer laang Bréck aus dem Joer 1977 ass op véier Spueren d’Autobunn Interstate 695 gaangen. Op der Bréck sollen zum Zäitpunkt vun der Kollisioun eng Rei Autoe gewiescht sinn, wéi och ee gréissere Camion. WtopNews no wiere Gefierer an d’Waasser vum Patapsco River gefall.
D’Maryland Transportation Authority huet op der Plattform X antëscht d’Kollisioun an de Kollaps vun der Bréck confirméiert.
De Gouverneur Wes Moore rifft dann och nom Brécken-Ongléck den Noutstand an der Regioun aus: “Ech hunn den Noutstand hei zu Maryland ausgeruff a mir schaffen am Moment mat den zoustännegen Agencen zesummen, fir séier Ressourcë säitens der Biden-Administratioun ze kréien”, sou de Wes Moore op X.
Wéi de Chef vun de Pompjeeën zu Baltimore confirméiert, hätt ee mat Sonar-Apparater Autoen am Waasser konnten detektéieren. D’Police betount, dass et sech hei net ëm en Terror-Uschlag handele géif.
Iwwer Blesséierter oder Doudeger ass den Ament nach näischt bekannt. D’AFP huet kuerz virun Dënschdegmëtteg vu bis zu 20 Persoune geschwat, déi am Waasser gelant sinn. Et ass ee mëttlerweil sécher, dass op d’mannst no 7 Persoune gesicht gëtt, ma eng genee Zuel kann een nach net nennen, sou d’Autoritéiten op der Plaz. De Kevin Cartwright vun de Pompjeeë vu Baltimore sot, et géif no engem Virfall mat enge sëllegen Affer ausgesinn. “Eise Fokus läit grad op dem Versuch, dës Mënschen ze retten an ze recuperéieren.”
Op dem Schëff soll no der Kollisioun e Feier ausgebrach sinn, melle verschidde Medien. Wéi ënnert anerem de Guardian schreift, hätt d’Synergy Marine Group, déi d’Schëff geréiert, d’Kollisioun confirméiert. D’Membere vun der Crew vum “Dali” wieren all lokaliséiert an et géif keng Berichter iwwer Blesséierter u Bord ginn. De Grond fir d’Kollisioun misst elo nach gekläert ginn.
Nom Brécken-Ongléck gouf de kompletten Transport fir een vun de gréissten Häfen an den USA dann och géint am Mëtteg ënnerbrach. Just Camionen kënnen nach um Hafe selwer an- oder auslueden, Schëffer dierfen zu Baltimore den Ament keng an den Hafen erafueren, esou d’Verkéiersadministratioun.
