Labour-Parteidag zu LiverpoolBrittesche Premier Burnham: "Brexit huet méi geschuet wéi genëtzt"

AFP, iwwersat vun RTL
De brittesche Premierminister Andy Burnham gesäit am Brexit méi Schued wéi Notze fir säi Land a préift elo verschidden Optioune fir déi zukünfteg Relatioune vu Groussbritannien zur Europäescher Unioun.
Großbritanniens Premierminister Andy Burnham prüft verschiedene Optionen für die künftigen Beziehungen zur EU. "Der Brexit hat mehr geschadet als genutzt", sagte er auf dem Labour-Parteitag in Liverpool.
De brittesche Premier Andy Burnham hat en Dënschdeg seng éischt Parteidagsried als Chef vun der Labour-Partei gehalen.
© AFP

Beim nächsten EU-Groussbritannien-Sommet wäert en duerleeën, wéi eng laangfristeg Zesummenaarbecht kéint ausgesinn, esou de Burnham en Dënschdeg um Labour-Parteidag zu Liverpool.

"De Brexit huet méi geschuet wéi genotzt", sou de Burnham a senger éischter Parteidag-Ried als Labour-Chef iwwert den 2016 per Referendum decidéierten EU-Austrëtt vum Vereenegte Kinnekräich. Groussbritannien misst nees zu "engem méi héijen Niveau vu Wuesstem a Wuelstand" zeréckfannen. De Brexit-Vott hätt "e Joerzéngt vun niddregem Wuesstem" ausgeléist an d'Land geschwächt. Och d'Kontroll iwwer d'Immigratioun wier méi schwiereg ginn, "wéi mir d'Zesummenaarbecht mat eisen europäesche Partner verluer hunn".

"Mir wäerte Groussbritannien kee klore Wee fir de Rescht vun dësem Joerhonnert ginn, soulaang mir eis net fir eng laangfristeg Bezéiung mat deem decidéieren, wat nach ëmmer eise gréisste Marché ass", esou de Burnham mat Bléck op d'EU. Beim EU-Groussbritannien-Sommet wéilt hien dowéinst "déi verschidden Optioune fir d'laangfristeg Bezéiung vu Groussbritannien mat eisen europäesche Partner" virstellen an no engem méigleche Konsens sichen.

Beim Sommet soll et iwwerdeems och ëm d'Zesummenaarbecht bei Migratioun a Virdeeler fir déi besonnesch vum Brexit betraffe britteschen Industrië goen. Den ursprénglech fir Juli geplangte Sommet war nom Récktrëtt vum Burnham sengem Virgänger Keir Starmer verréckelt ginn.

Den 23. Juni 2016 hat eng knapp Majoritéit vun 51,9 Prozent vun de Britte fir den Austrëtt vu Groussbritannien aus der Europäescher Unioun gestëmmt. Vollzu gouf de "Brexit" dann Enn Januar 2020. Uganks 2021 huet d'Vereenegt Kinnekräich dann no enger Transitiounsphas d'Douanesunioun an den EU-Bannemaart verlooss.

Back to Top
CIM LOGO