Liewenskäschten op der InselBrittesche Premier wëll Steieren erofsetzen, och fir d'Pubben

RTL Lëtzebuerg
Den neie Premier Andy Burnham huet ugekënnegt, d'Gewerbesteier fir Pubben, Veräiner a Concertssäll vun Abrëll un ëm 20 Prozent erofzesetzen.
© RICHARD POHLE/AFP

E Pub kéint doduerch am Duerchschnëtt ronn 1.100 Pond pro Joer aspueren.

Mat dëser Mesure wëllt d'Regierung d'Liewenskäschte erofdrécken an d'Butteker an den Dierfer stäerken. D'Oppositioun ënnerstëtzt de Virschlag, verlaangt awer e klore Finanzéierungsplang.

Fir d'Käschten ze decken, wëllt d'Regierung ënner anerem E-Zigaretten méi staark besteieren.

Zousätzlech si weider Entlaaschtunge geplangt, wéi e Präis-Plaffong fir Busticketen an d'Ofschafe vun enger Tax op Stroumrechnunge fir Stéit.

Back to Top
CIM LOGO