
No 11 Joer wier et un der Zäit, als Deputéierte fir de Londoner Walkrees Holborn a St Pancras zeréckzetrieden, esou den 63 Joer ale Politiker en Dënschdeg de Mëtteg an de Soziale Medien. Hie géing sech elo op "international Theme" konzentréieren, "dorënner Verdeedegung, Sécherheet, Commerce an Technologie".
Déi lescht Méint war den Drock op de fréiere brittesche Premier a Labour-Chef ëmmer méi grouss ginn. Hie gouf am Juli vum Andy Burnham ofgeléist.