Däitsch Medie mellenBundesinneminister Dobrindt wëll Grenzkontrolle bis op d'mannst Mëtt Mäerz verlängeren

RTL Lëtzebuerg
Wéi et an däitsche Medien heescht, sollen déi däitsch Grenzkontrollen zu den Nopeschlänner nach emol verlängert ginn.
Zanter September 2024 kontrolléiert Däitschland elo schonn un de Grenzen.
© AFP (Archiv)

D'Verlängerung soll fir d'éischt emol fir een halleft Joer gëllen. Wéi eng Spriecherin vum Inneministère dem "Deutschlandfunk" géigeniwwer confirméiert huet, wier eng entspriechend Demande un d'EU-Kommissioun geschéckt ginn. Als Grond fir déi dann antëscht scho véiert Verlängerung vun de Kontrollen un den däitsche Grenzen hätt de Bundesinneminister Alexander Dobrindt (CSU) d'Entwécklungen un den europäesche Baussegrenze genannt.

U sech si Grenzkontrollen am Schengeraum net virgesinn, ma trotzdeem kontrolléiert Däitschland zanter September 2024 - eng Mesüre, déi ënnert anerem aus Lëtzebuerg ëmmer nees schaaft kritiséiert gouf. De Lëtzebuerger Inneminister Léon Gloden hat schonn e puermol bei sengem däitschen Homolog intervenéiert.

Back to Top
CIM LOGO