DäitschlandBundeswehr kritt eegen Dronesektioun

Joel Detaille
Et soll en eegene Regiment ginn, fir deen Ufanks ronn 300 Zaldoten virgesi sinn.
© MORITZ FRANKENBERG/dpa Picture-Alliance via AFP

Déi däitsch Bundeswehr kritt eng eege Sektioun, déi am Beräich vun den Drone spezialiséiert ass. Dat huet den Defenseminister Pistorius en Donneschdeg annoncéiert.

Et soll en eegene Regiment ginn, fir deen Ufanks ronn 300 Zaldoten virgesi sinn. Spéider kéint op bis zu 600 Zaldoten opgestockt ginn.

D'Fäegkeete vun der Bundeswehr a Saachen Opklärung an Defense sollen domadder klammen. Geplangt wiere Systemer, déi bis zu 500 Kilometer ewech nach kéinte gesteiert ginn. Et wier wichteg, dass een eng eege Kompanie huet fir den elektromagnéitesche Kampf, zum Beispill fir feindlech Dronen ze stéieren.

Back to Top
CIM LOGO