
Wéi d'Police vun der Provënz Gelderland e Méindeg matgedeelt huet, waren am Bus zwou Schoulklassen aus Däitschland. E puer vun de Passagéier wiere beim uergen Accident verwonnt ginn. Am Bus souzen am Ganze 54 Schülerinnen a Schüler, souwéi 4 Enseignanten aus Schönberg a Schleswig-Holstein.
Den Accident, un deem der Police no och e Liwwerwon bedeelegt war, ass géint 4:20 Auer op der A28 an der Géigend vu Wezep bei Zwolle geschitt. Aacht Blesséierter wieren an e Spidol komm, e puer vun hinne mat schwéiere Verletzungen, sou d'lokal Police. Dräi weider Persoune wiere liicht verwonnt ginn. Ënnert de Blesséierte wier och de Chauffer vum Liwwerwon.
Wéi et um Internetsite vun der Probstei-Gemeinschaftsschule aus Schönberg am Krees Plön heescht, waren déi zwou Klasse vum 12. Joergang um Wee op Paräis gewiescht. Et géif den Ament keng Indicë ginn, dass eng Persoun liewensgeféierlech verletzt gi wier. Sämtlech Eltere wieren informéiert an et géif eng Ulafstell duerch d'Pompjeeë ginn.
D'Autobunn war zäitweis a béid Richtunge fir de Rettungsasaz an d'Ermëttlunge gespaart.