President freet am EU-Parlament no Hëllef"Ceuta steet kuerz virdrun zesummenzebriechen"

RTL Lëtzebuerg
An der spuenescher Exklav Ceuta sinn aktuell ëmmer nach ronn 5.000 Migranten aus Marokko. De President vu Ceuta huet dowéinst am EU-Parlament no Hëllef gefrot.
Juan Jesus Vivas (R), president of the autonomous city of Ceuta, listens to the leader of the Spanish opposition, conservative Alberto Nunez Feijoo, as they hold a joint press conference to mark Ceuta Day, in Ceuta on September 2, 2026.
De Juan Jesus Vivas, President vu Ceuta, den 2. September zu Ceuta (Archiv)
© AFP

Méi wéi ee Mount, nodeems dausende Leit vu Marokko aus an déi spuenesch Exklav Ceuta gaange sinn, ass d‘Situatioun op der Plaz nach ëmmer ugespaant. Dem President vu Ceuta Juan Jesús Vivas no kéint d‘Situatioun all Ament erëm eskaléieren. Bei enger Pressekonferenz am EU-Parlament zu Bréissel en Dënschdeg huet hien erkläert, Ceuta stéing kuerz virdrun zesummenzebriechen. Dowéinst huet hien déi europäesch Institutioune gefrot, der Exklav ze hëllefen.

D‘Presenz vun Europa un der Grenz misst méi visibel sinn. Donieft sollt Europa sech un de Käschte bedeelegen, déi een elo hätt, fir d‘Infrastruktur un der Grenz ze verstäerken a fir géint déi humanitär Katastroph virzegoen, notamment wéinst de ville mannerjärege Flüchtlingen.

Enn Juli ware méi wéi 72.000 Leit vu Marokko aus op Ceuta komm. Déi meescht si kuerz drop erëm zeréckgaangen. De spueneschen Autoritéiten no waren uganks September awer ëmmer nach eng 5.000 Migranten a Migrantinnen do.

Ceuta ass eng vun zwou spueneschen Exklaven an Nordafrika an domat eng den eenzege Plazen, wou d‘EU eng Landesgrenz mat Afrika huet. Fir Ceuta gëtt et eng Ausnam am Schengen-Raum, dowéinst ginn d‘Leit déi vun hei an Europa kommen, do nach eng Kéier kontrolléiert. Marokko géif scho laang gären d‘Kontroll iwwert d‘Stad mat hire ronn 84.000 Awunner iwwerhuelen, ma Spuenien refuséiert dat.

Back to Top
CIM LOGO