
Wéi et an engem offizielle Schreiwes vum Chamenei sengem Büro heescht, géif den Ayatollah d’Wal vum Massud Peseschkian unerkennen an hien zum iranesche President ernennen. D’Schreiwes gouf an enger offizieller Zeremonie virun héijen iraneschen Offiziellen an auslänneschen Diplomaten haart virgelies. Dat ganzt gouf um Staatsfernsee iwwerdroen.
De Massud Peseschkian gëllt als Reformer. Hien huet sech wärend dem Walkampf fir “konstruktiv Relatioune” mam Westen a fir eng Nei-Oplag vum Atomofkommes, dat 2018 ausgelaf war, ausgeschwat.
De Massud Peseschkian war als eenzege Reformer bei den iranesche Predientiellen zougelooss. Am Iran ass de President net de Staatschef. Déi politesch Muecht läit beim reliéise Féierer vum Land. Dat ass zanter 35 Joer den Ali Chamenei.