
D‘AfD, déi vum Verfassungsschutz a Sachsen-Anhalt iwwregens als geséchert rietsextremistesch agestuuft ass, steet mat groussem Virsprong op der éischter Plaz. Bei der leschter representativer Ëmfro vun Infratest louch se bei 41 Prozent, bei enger anerer am Optrag vu Campact waren et souguer 43 Prozent fir d‘AfD.
D‘CDU, déi zanter 2002 de Ministerpresident an deem Bundesland stellt, läit aktuell bei 23-24 Prozent, d‘Linke bei 13, d‘SPD bei 7, d‘Grüne bei 5 an d‘Bündnis Soziale Gerechtigkeit und Wirtschaftliche Vernunft, BSW, an där d‘Sahra Wagenknecht nach ëmmer d'Soen huet, kraazt um Seuil vun de 5 Prozent, deen néideg ass, fir an de Landtag anzezéien. An trotzdeem, respektiv grad dowéinst, huet d‘BSW eng kruzial Roll bei deene Walen.
Ofgesinn dovun, dass d‘BSW ëm hiert Iwwerliewe kämpft - well wann net an Ostdäitschland, wou dann? – kann d‘Partei ronderëm d‘Sahra Wagenknecht deemno wéi decidéieren, wien d‘Regierung uféiert. D‘AfD oder eventuell d‘CDU. De rietse Spëtzekandidat Ulrich Siegmund oder den aktuelle Ministerpresident Sven Schulze.
Als éischt emol huet d‘BSW ëffentlech an ausdrécklech gesot, et géif een eng AfD-Regierung net grondsätzlech wëlle verhënneren. Der Partei no ass déi sougenannt "Brandmauer" géint d‘AfD gescheitert. Et wär net demokratesch, net mat hir iwwer politesch Contenuen ze schwätzen, sollt d‘AfD stäerkste Kraaft ginn, esou d‘Argument. Rezent sot d‘Presidentin vum BSW Amira Mohamed Ali dem Deutschlandfunk awer, dass een net mat der AfD koaléiere wëll. Allerdéngs och net mat der CDU.
An engem méiglechen drëtte Walgang wéilt d‘BSW sech eventuell enthalen. Deemno wéi d‘Konstellatioun dann ass, kéint d‘Bündnis domat dem AfD-Politiker decisiv ënnert d‘Äerm gräifen, fir Regierungschef ze ginn. Allerdéngs ouni Majoritéit am Parlament an deem Fall.
Et ass entretemps ganz onwarscheinlech, dass se d‘Walen net haushéich gewënnt. Wann dann och nach déi Gréng oder d‘SPD et awer net an d‘Parlament sollte packen, kéinte schonn ëm 44 Prozent der AfD duergoen, fir komplett eleng regéieren ze kënnen. Dat strieft d‘Partei och un.
All déi aner Parteie schléissen eng Zesummenaarbecht mat hir aus, wéi gesot, offiziell och d‘BSW. Allerdéngs gleeft den CDU-Ministerpresident Sven Schulze dem BSW an dem Sahra Wagenknecht dat net.
Eng Koalitioun vun CDU, SPD a Gréng hätt den aktuellen Ëmfroen no awer och keng Majoritéit. D‘Linke misst déi Minoritéitsregierung dann toleréieren oder souguer kooperéieren. Dofir missten CDU a Linke iwwer hiren eegene Schied sprangen.
Da wär een a Sachsen-Anhalt an der onméiglecher Situatioun, wou eng extrem staark AfD net eleng regéiere kéint an CDU plus d‘Lénksparteien hir trotzdeem net de Botter vun der Schmier kéinten huelen. Da wäre mir nees um Ufank, nämlech dem BSW. Dee kéint seng Fuerderung dann eventuell duerchsetzen: e parteionofhängege Ministerpresident. Oder ebe sech enthalen.
D‘Resultat wäert symbolesch eng enorm Wierkung hunn. Sollt d‘AfD wierklech iwwer 40 Prozent kommen, wär dat schonn e Succès fir déi ganz wäit Riets. Dann hätt een et schwaarz op wäiss, dass d‘AfD an Ostdäitschland déi stäerkst politesch Kraaft ass an net méi just Protestpartei.
Sollt d‘AfD a Sachsen-Anhalt dann tatsächlech regéieren, dat wär eng ganz aner Saach. Da géif d‘Fro nach méi intensiv diskutéiert ginn, ob een d‘Partei op Landesniveau weider gréisstendeels ausschléisse kann, ob d‘Brandmauer net fält. D‘AfD ass ewéi gesot vum Verfassungsschutz a Sachsen-Anhalt als geséchert rietsextremistesch agestuuft.