Regierungskritesch ZeitungChefredakter vun der "Nowaja Gazeta" Sergej Sokolow a Russland festgeholl

RTL mat AFP
Wéi d'onofhängeg russesch Zeitung "Nowaja Gazeta" op Telegram mellt, ass hire Chefredakter Sergej Sokolow en Donneschdeg no enger Duerchsichung a senger Wunneng festgeholl ginn.
Der Chefredakteur des unabhängigen russischen Mediums "Nowaja Gaseta", Sergej Sokolow, ist nach Angaben der Zeitung festgenommen worden. Er sei vor das staatliche Ermittlungskomitee in Moskau gebracht worden, teilte die "Nowaja Gaseta" mit.
De Chefredakter vun der Nowaja Gazeta Sergej Sokolow.
© AFP/Archiv

Hie wier duerno bei den Ermëttlungskommitee zu Moskau bruecht ginn.

De Kontakt mam Sokolow wier der Zeitung no géint d'Mëttesstonn ofgebrach, kuerz ier eng Redaktiounskonferenz hätt missen ugoen, déi de Sokolow leede sollt. En Affekot wier um Wee bei hien. Der Journalistenorganisatioun Reporter ouni Grenzen no war de Sokolow schonn 2024 wéinst "Diskreditéierung vun der Arméi" festgeholl ginn.

"D'Nowaja Gazeta" war wärend ville Joren déi wichtegst onofhängeg Zeitung a Russland. Wéinst hirer Recherche a kritescher Couverture zur Mënscherechtssituatioun a Russland stoung se laang ënner Drock. Zanter dem Joer 2000 si fënnef vun hire Journaliste vun Onbekannten ermort ginn. Nom russeschen Ugrëff géint d'Ukrain an der Aféierung vun der militärescher Zensur huet d'Nowaja Gazeta hir Produktioun am Land selwer gestoppt. Am Internet existéiert se awer weider. Vun de russeschen Autoritéite gëtt se als sougenannten "auslänneschen Agent" klasséiert.

Back to Top
CIM LOGO