Latinobarometro 2026China huet e méi positiven Afloss op d'Welt wéi d'USA, esou d'Latäinamerikaner

RTL mat AFP
De Latinobarometro ass eng Ëmfro, déi zanter 1995 all Joer duerchgefouert gëtt. Dëst Joer goufen d'Awunner aus 17 latäinamerikanesche Länner befrot.

Eng Majoritéit vun den Awunner aus 17 latäinamerikanesche Länner gesinn den Afloss vu China op d'Welt méi positiv wéi den Afloss aus den USA. Dat koum beim Latinobarometro 2026 eraus, deen e Freideg publizéiert gouf. Et ass déi éischte Kéier zanter 1995, wéi d'Ëmfro eng éischte Kéier duerchgefouert gouf, datt China an der Weltpolitik virun den USA steet, wann et ëm déi gutt Intentioune geet.

Knapp 57 Prozent vun de Latäinamerikaner hunn d'Impressioun, datt d'USA e positiven Afloss hunn. 2020 waren nach 60 Prozent dëser Meenung. D'Zuel vun China ass dann an de leschte 6 Joer vun 58 Prozent op 65 Prozent eropgaangen.

De Rapport geet duerch d'Daten dovun aus, datt "China e méi groussen Afloss op Latäinamerika huet wéi d'USA." Costa Rica an d'Dominikanesch Republik waren déi zwee eenzeg Länner an der Regioun, an deenen den Afloss vun den USA als méi positiv ugesi gouf wéi deen aus China. Et kënnt net vun ongeféier, datt dës Distanzéierung zu den USA zimmlech an der Mëtt vum Donald Trump senger zweeter Amtszäit kënnt, dee jo am Kader vu senger "Donroe-Doktrin" de Wonsch vun eng amerikanescher Virherrschaft an Latäinamerika geäussert hat.

D'USA als Land awer bleiwe méi populär wéi China. Hei läit déi gréissten Ekonomie vun der Welt mat 63 Prozent 5 Prozentpunkte viru grousse Konkurrent. Och wann d'USA hei d'Nues nach viru hunn, esou ass een awer am Géigesaz zu 2024, wéi den Joe Biden nach US-President war, däitlech gefall. Deemools nämlech haten 73 Prozent vun de Befroten en duerchaus positive Bléck op d'USA gehäit.

An der "Donroe-Doktrinn" bezitt sech den aktuellen US-President op säi wäitleefege Virgänger James Monroe, deen de 5. President vun den USA war. Virun iwwer zwee Joerhonnerten hat dësen a senger "Monroe-Doktrinn" erkläert, datt Latäinamerika exklusiv ënnert den Afloss vun den USA soll falen. Den Donald Trump huet d'Doktrinn just liicht ëmbenannt, fir Referenz op sech selwer ze zéien.

Datt den aktuellen US-President d'Dominanz an der "eegener Hemisphäre", wéi hie d'Regioun nennt, weider virundreiwe wëll, huet hie mat dem Militärasaz am Januar bewisen, wéi een de President vu Venezuela gestierzt an de Nicolas Maduro entféiert huet. A quasi all de Länner, déi beim Latinobarometro matgemaach hunn, gouf den US-Asaz géint de Maduro awer begréisst. Just an Argentinien gesinn d'Leit dat anescht.

Awer just 35 Prozent gesinn dës Aktioun positiv fir Venezuela, donieft soen 28 Prozent, datt et zum Schued vum Staat an der Karibik war. D'Venezuelaner awer hu bei dëser Ëmfro zu deene Befrote gehéiert, déi den Afloss vun den USA als méi positiv ugesinn.

Latinobarometro ass eng ONG aus Chile, déi Ëmfroen zu verschiddenen Themen, dorënner Demokratie, Wirtschaft, Sécherheet oder Migratioun, duerchféieren. D'Resultater vun der Ëmfro 2026 baséiert sech op ronn 19.200 Persounen, déi vun de Mataarbechter an Eenzelgespréicher befrot goufen. D'Ëmfroe goufen a 17 Länner tëscht dem 7. Mee an dem 17. Juni duerchgefouert. D'Feelerquot ka bei engem Prozent leien.

Back to Top
CIM LOGO