
An et gouf direkt eng gutt Nouvelle am Handelskonflikt tëscht béide Länner: D'USA hunn annoncéiert, déi extra Douanestaxen op chineeseschen Importer, fir weider zwee Méint auszesetzen.
Fir en Donneschdeg ass fir 16 Auer mëtteleuropäesch Zäit dann och geplangt, datt de Xi am Wäissen Haus ukënnt. Bei de Gespréicher mat sengem US-amerikaneschen Homolog soll et ënner anerem ëm de Welthandel, d'Kricher am Iran an an der Ukrain, wéi och d'Kënschtlech Intelligenz goen.