
Geheimdéngschtlechen Informatiounen no hätt Moskau méiglecherweis wëlles, d'Allianz ze testen. Dofir wär de CIA-Direkter op Moskau gereest, fir d'Russe vun esou Gedanken ofzebréngen.
D'Wäisst Haus huet op Ufroe vun der franséischer Noriichtenagence AFP net reagéiert. Do virdrun hat den US-President Donald Trump d'Thema kleng geriet. Dem Ratcliffe seng Visite op Moskau wär Semi-Routine.
De Kreml confirméiert Entrevuen, allerdéngs tëscht dem Ratcliffe a russeschen Homologen, net mam President Putin. Dee wär iwwer d'Gespréicher informéiert ginn.
De CIA-Chef ass den héchsten US-amerikaneschen Offiziellen deen zu Moskau war zanter der russescher Invasioun an der Ukrain 2022.