Iraner a Britte mellenContainerschëff no Attack a Strooss vun Hormus ënnergaangen

RTL mat AFP
Wéi verschidde Source mellen, wier op d'mannst ee Schëff no rezenten Attacken an der Mieresstrooss tëscht dem Iran an dem Oman ënner gaangen.
© -/AFP

No verschiddenen Attacken op Schëffer an der Strooss vun Hormus ass iraneschen a britteschen Informatiounen no e Containerschëff ënnergaangen. Déi iranesch Revolutiounsgarde huet e Mëttwoch matgedeelt, ee Frachter wier no enger Explosioun vun enger Minn a Brand geroden an ënnergaangen. Déi brittesch Sécherheetsfirma Vanguard huet gemellt, datt e Schëff no enger Attack en Dënschdeg ënnergaangen ass. Ob béid Säiten dat selwecht Schëff mengen, ass bis ewell nach net kloer.

D'Revolutiounsgard erklärt, datt d'Schëff, dat iwwer 2.500 Containere gelueden huet, probéiert soll d'Hunn, d'Mieresstrooss op enger Route, déi net autoriséiert a geféierlech ass, ze passéieren. Dobäi wier et op eng Minn gefuer. Opnamen, déi d'Revolutiounsgard publizéiert huet, weise schwaarzen Damp iwwer dem Schëff a vill Container, déi am Waasser dreiwen. Wéini de Virfall war, deelen d'Iraner net mat.

Déi brittesch Autoritéit fir Schëfffaart UKMTO huet schonn en Dënschdeg den Owend vun Attacken op en Tanker an e Containerschëff geschwat. E Mëttwoch huet si zwou weider Attacken, déi en Dënschdeg passéiert waren, gemellt. Dobäi wieren zwee Containerschëffer vu Geschosser, deenen hir Hierkonft nach net bekannt ass, getraff a liicht beschiedegt ginn. Béid hätten hir Faart awer kéinte viruféieren. Affer wiere bi dësen Attacken net gemellt ginn.

Vanguard schwätzt vun am ganze véier Schëffer, déi attackéiert goufen. D'Containerschëff "GFS Pride", dat ënner dem Fändel vum Singapur fiert, wier no enger Attack ënnergaangen. Wat mam Tanker "Alfonso" geschitt ass, wier nach net kloer. Déi zwee aner Schëffer, d'"GFS Giselle" an d'"Al Saadiyat" wieren no den Attacke weidergefuer.

Back to Top
CIM LOGO