
Duerch Omikron géifen d’Infektiounszuelen an den nächste Woche weider klammen an dofir misst ee sech elo preparéieren, sou den Olaf Scholz. Mat Mesuren, déi allerdéngs eréischt vum 28. Dezember u gëllen: “Mir hunn eis bewosst dofir decidéiert. D’Erfarungen aus de leschte Joren hu gewisen, datt Chrëschtdag an Ouschtere keng grouss Pandemiedreiwer waren. Am Géigendeel. Duerch d’Vakanz sinn d’Infektiounszuelen dacks erofgaangen. D’Famille schénge responsabel a virsiichteg mat dësen Deeg ëmzegoen.”
Vun nächster Woch un dierfe just nach maximal 10 Leit (Geimpfter oder Geheelter) zesummekommen. Dorops hu sech Bund a Länner gëeenegt. Kanner ënner 14 Joer sinn net dovu betraff. Fir Ongeimpfter gëlle weiderhin déi méi streng Moossnamen.
Donieft huet de Bundeskanzler Olaf Scholz annoncéiert, datt d’Futtballmatcher an der Bundesliga nom 28. Dezember ouni Public wäerte gespillt ginn. Dat selwecht gëllt fir aner gréisser Veranstaltungen an de Beräicher Sport a Kultur.
“Et ass net méi un der Zäit, fir Party ze maachen”, huet den Olaf Scholz betount. Dowéinst mussen Discoen, Clibb a Caféen däitschlandwäit hir Dieren zoumaachen. Hien huet och ënnert anerem d’Police, d’Rettungsdéngschter an d’Spideeler opgeruff, hir Pandemiepläng z’aktualiséieren. Et misst een dovunner ausgoen, datt an deenen nächste Woche vill Leit ausfale wäerten.
Corona mécht iwwer Chrëschtdag keng Paus, sot de Kanzler Scholz, dofir hätt d’Regierung decidéiert, weider sou vill wéi méiglech z’impfen, och wärend de Feierdeeg. Et ass virgesinn, dass bis Enn Januar 30 Millioune weider Booster-Impfunge gesprëtzt ginn. Bis ewell goufen op d’mannst 73,5% vun der Bevëlkerung op d’mannst 1 Mol vaccinéiert. Dës Quot misst een op en Taux vun op d’mannst 80% erhéijen, fënnt de Bundeskanzler. “Impfen, Impfen, Impfen bleift eist Zil”, sot den SPD-Politiker an deem Kontext.
