InterpolCoup géint Kannerpornografie-Reseau - 95 Verdächteger goufe festgeholl

Joel Detaille
Am Ecuador konnte méi wéi 4.000 Dateie mat Mëssbrauchsduerstellungen u Kanner saiséiert ginn.
© AFP/Archiv/Roslan Rahman

Bei engem Internationalen Asaz géint d'Verbreede vu Kannerpornografeschem Material am Internet, si 95 Verdächteger festgeholl ginn. Dat huet Interpol matgedeelt. 17 Länner wieren um Asaz bedeelegt gewiescht, dorënner Spuenien, Italien, Brasilien an Argentinien. Am Kader vun den Ermëttlunge goufen 127 Perquisitioune gemaach an ee Kand konnt a Sécherheet bruecht ginn. D’Aktioune goufe vun INTERPOL koordinéiert a sinn a Latäinamerika an an Europa duerchgefouert ginn.

Am Ecuador konnte méi wéi 4.000 Dateie mat Mëssbrauchsduerstellungen u Kanner saiséiert ginn.

D'Ermëttlunge lafe weider.

Back to Top
CIM LOGO