ParäisCyclist no Sträit mat Automobilist liewensgeféierlech mat Messer blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Tensiounen am Trafic gëtt et jo ëmmer nees. Zu Paräis gouf et awer en Dënschdeg e Fall vun enger besonnescher Gravitéit.
© MAGALI COHEN/Hans Lucas via AFP

E Cyclist ass no engem Sträit vun engem Automobilist mam Messer an den Hals gepickt ginn a liewensgeféierlech blesséiert ginn. De Chauffer vun der Camionnette huet sech duerno duerch d'Bascht gemaach. Mat Hëllef vu senger Plackennummer konnt d'Police de Verdächtegen awer erëmfannen. De Buergermeeschter vu Paräis huet den Tëschefall schaarf verurteelt. Franséisch Medien mellen iwwerdeems, de Chauffer wier elo interpelléiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO