Mam Vëlo op der AutobunnCyclistin gouf op der A66 bei Hochheim vun Auto ugestouss an déidlech blesséiert

AFP, iwwersat vun RTL
Net manner wéi 14 Autoe sollen an den Accident verwéckelt gewiescht sinn. D'Police vu Wiesbaden huet en Zeienopruff lancéiert.
© AFP

An der Nuecht op e Freideg koum et zu engem Accident mat déidleche Suitten op der A66 (Hessen). Eng Fra war hei mat hirem Vëlo op der Autobunn a Richtung Frankfurt am Main ënnerwee, dat op der lénkser Spuer, op der Héicht vun Hochheim.
En Auto huet d'Fra ze pake kritt a si ass nach op der Plaz gestuerwen.

Am Bulletin vun der Police ass rieds vun alles an allem 14 Gefierer, déi an den Accident verwéckelt waren.

D'Autobunn war bis an d'Moiesstonne gespaart. Eng Enquête soll déi genee Ëmstänn vum Accident klären. D'Police huet an deem Zesummenhang en Zeienopruff gemaach.

Back to Top
CIM LOGO