Och en Dënschdeg protestéieren d'Schüler a Frankräich géint d'Konditiounen an de Lycéeën. Si beschwéiere sech ënner anerem doriwwer, dass d'Klassen ze grouss wieren an et ze wéineg Proffe géif ginn. Ausserdeem wier de Leeschtungsdrock ze grouss.
Vun den 90 Paräisser Lycéeë wäerten der op d'mannst 10 zoubleiwen, heescht et vun der zoustänneger Administratioun.
Am 12. Arrondissement hu sech eng 30 maskéiert Leit virum Lycée Arago versammelt an d'Entrée mat Poubellë blockéiert. D'Aktioun ass friddlech ofgelaf an d'Police huet net mussen intervenéieren.
Op anere Plazen uechter d'Land ass et bei de Protester deels méi héich hiergaangen . Zu Saint-Denis hunn d'Pompjeeën eng Poubelle geläscht, déi a Flame stoung. Zu Lyon louche Poubellen an Äscht vu Beem, déi gebrannt hunn, an de Stroossen. Hei huet d'Police agegraff.