"Fräi vun Humilitéit a Realitéitsbezuch"Däitsch Gréng kritiséiere Merz fir Reaktioun op Landtagswalen

AFP, iwwersat vun RTL
De Friedrich Merz hätt et e Sonndeg an e Méindeg keng eenzeg Kéier gepackt ze weisen, wat hien eigentlech mat Däitschland wëlles hätt.
E Méindeg huet de Friedrich Merz dann an engem zweete Statement eng Analys vun de Walresultater an eng Korrektur vu sengem politesche Plang annoncéiert.
© JENS SCHLUETER/AFP

Déi däitsch Gréng kritiséieren den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz fir dësem seng Reaktioun op d'Resultat vun de Landtagswalen a Meckergrupp-Vorpommern. D'CDU koum hei e Sonndeg jo op nëmme 4,9 Prozent vun de Stëmmen an ass domat aus dem Landtag geflunn. Dat wier eng – Zitat – "wierklech historesch Zäsur fir d'CDU als Partei, als Vollekspartei gewiescht", sou de Co-Parteipresident vun de Gréngen, de Felix Banaszak e Méindeg zu Berlin. Och an der däitscher Haaptstad gouf e Sonndeg gewielt. Hei huet d'CDU géint d'Lénkspartei verluer.

De Friedrich Merz huet jo direkt nodeems d'Wallokaler zougemaach hunn, matgedeelt dass hien als Bundeskanzler un de Reformen, déi seng Regierung an d'Weeër geleet huet, wäert festhalen. Dës Reaktioun wier komplett fräi vun Humilitéit a vun all Bezuch zur Realitéit, esou de Banaszak e Méindeg. Den däitsche Regierungschef géif domat de Message erausschécken, dass hie genau esou géif weidermaachen, wéi bis ewell, an dass d'Leit iergendwa scho wäerte verstoen, wéi super alles wier. Hie géing hoffen, dass de Kanzler a seng Partei d'Kéier nach kréichen, sou de Chef vun deene Gréngen. Dat géing awer net goen, wann ee mam Kapp duerch d'Mauer wéilt. Dofir bräicht et éierlech Selbstkritik.

Déi Gréng wieren dann och net frou driwwer, dass d'CDU a Mecklenburg-Vorpommern aus dem Parlament geflunn ass. Elo géif am Bundesland eng demokratesch, konservativ Oppositioun zu enger probabeler rout-grénger Landesregierung feelen. Och ganz Däitschland bräicht eng eenegermoossen opgeraumte, stabil, konservativ Partei, sou de Banaszak.

De Friedrich Merz hätt et e Sonndeg an e Méindeg keng eenzeg Kéier gepackt ze weisen, wat hien eigentlech mat Däitschland wëlles hätt, huet et da vun der grénger Co-Parteipresidentin Franziska Brantner geheescht. Et wier kee Bléck no vir ze erkennen. De Kanzler géif einfach soen et wier iergendwéi alles schwéier an d'Leit wieren ze faul an et misst een eben doduerch an duerchhalen. "Mir gesinn, dass de Merz d'CDU zerreift an d'CDU d'Land zerreift", sou d'Brantner.

E Méindeg huet de Friedrich Merz dann an engem zweete Statement eng Analys vun de Walresultater an eng Korrektur vu sengem politesche Plang annoncéiert. Et misst een analyséieren, firwat d'CDU op vill Froe vun de Leit keng zefriddestellend Äntwerte méi hätt. Dat géing et ze ännere gëllen. De Parteichef huet Gespréicher iwwer d'Aarbecht, d'Struktur, de Programm an de Profil vun der CDU annoncéiert.

Back to Top
CIM LOGO